arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Tim Kleren: "Spaass un der Musek"

Tim Kleren: "Spaass un der Musek"

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

56 min

Dem Tim Kleren seng musikalesch Aventure ass Enn den 1980er Jore mat éischte Coursen op der Batterie ugaangen, duerno huet de Wee hien op Esch an de Conservatoire geféiert, dann an de Stater Conservatoire fir schlussendlech en Ofschloss an der Direktioun zu Maastricht ze maachen. Den Tim Kleren ass Perkussionist a Member vun der Militärmusek an dernieft awer och nach Komponist an Dirigent, aktuell ass hie Chef an de Museken vu Rouspert a Mensder.


Et ginn och als professionelle Museker Amenter, déi ee sécher ni méi vergësst, an déi een och méi wéi genéisst. An zu deenen Amenter gehéiert ouni Zweiwel de Concert vun der Lëtzebuerger Militärmusek mam iresche Sänger Johnny Logan zu Mamer. En Artist, deen ëmmerhin dräi Mol de Grand Prix d'Eurovision de la chanson gewonnen huet. Fir den Tim Kleren war et eng Chance mat esou engem Kënschtler op der Bün ze stoen an hie war verwonnert, wéi fein an häerzlech esou grouss Leit dach sinn.


Et war eng Komplizitéit tëschent Sänger an Orchester


De Sänger huet mam Orchester kommunikéiert, an et huet ee gemierkt, datt d'Welle gestëmmt hunn. De Museker huet een och ofgesinn, datt si Spaass haten. De Kënschtler op der Bün ass eng Saach, mee dann hanner der Bün? An och do huet de Tim Kleren e ganz sympathesche Johnny Logan erlieft.



"No der éischter Prouf, den Dag virdru konnte mir och mat him iesse goen. Mir hunn him e bëssen d'Place d'Armes gewisen. (...) Also et ass e Super-Sympatheschen, hien huet Witzer erzielt drop an dowidder. Si hu mussen 10-15 Minutten waarde bis se eng Plaz op enger Terrass kruten, mee dat war him egal, dann huet hien nach zéng Witzer méi gezielt. Et war einfach eng gutt Stëmmung an den Typ ass einfach fein."



De Kapp ausschalten an d'Oueren umaachen


Eng grouss Passioun vum Tim Kleren ass och d'Komponéieren. Ënner anerem gouf seng Kompositioun "Steelworks" scho vun engem japaneschen Orchester enregistréiert. Hie ka sech stonnelaang dohinner sëtzen an un engem Stéck schaffen. Hien ass da bal wéi an enger anerer Welt. Déi grouss Erausfuerderung fir e Komponist ass awer, ob en et fäerdeg bréngt, eege Stécker ze lauschteren, wann en Orchester se spillt. Mee lauschteren an dobäi ganz neutral bleiwen.



"Dat ass ganz schwéier, well et weess e jo, wat kënnt, an et weess een, wat ee geschriwwen huet, an et weess een och: Oh, elo kënnt déi Plaz fir Trombonn, déi schwéier ass oder wat och ëmmer. Mee heiansdo muss een einfach probéieren, ech soe mol, de Kapp ausschalten an d'Oueren umaachen an einfach do sëtzen an einfach dat op sech wierke loossen. Well, dat ass dat wichtegst, nonzeg Prozent vun de Leit maachen dat esou, déi kommen op de Concert, an déi wëllen eng schéin Zäit verbréngen, an déi soen net: Hues de dee Rhythmus héieren oder déi Zesummestellung? Dat ass deene schnuppe, deene geet et ëm d'Gefill".




Episoden

Guy Schons: E Concert-Virtrag mat jiddesche Lidder

Guy Schons: E Concert-Virtrag mat jiddesche Lidder

De Guy Schons ass dem Jean Claude Majerus säin Invitée haut an der Emissioun „Sot emol“
headphones

56 min

play_arrow
Ingrid Schwarz: Life is to short to ...

Ingrid Schwarz: Life is to short to ...

D'Sängerin Ingrd Schwarz ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioiun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Jhemp Hoscheit: Den Auteur, deen ëmmer e bësse Kand bliwwen ass

Jhemp Hoscheit: Den Auteur, deen ëmmer e bësse Kand bliwwen ass

De Lëtzebuerger Auteur Jhemp Hoscheit ass den Invité beim Jean Claude Majerus an der leschter Editioun vun der Emissioun "Sot emol"
headphones

57 min

play_arrow
Claude Zeimes: E Liewe mat Musek | © Claude Zeimes

Claude Zeimes: E Liewe mat Musek

De Komponist vun der Musek vum Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Osaka
headphones

56 min

play_arrow
Jean Asselborn: De mënschleche Politiker | © Jean-Claude Majerus

Jean Asselborn: De mënschleche Politiker

De fréieren Lëtzebuerger Aussemnister Jean Asseborn ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invitée an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Nora Koenig: Oppe fir all Experiment

Nora Koenig: Oppe fir all Experiment

D'Lëtzebuerger Schauspillerin
headphones

55 min

play_arrow
Luca de Michele: D'Schéinheet ass seng Passioun | © Jean-Claude Majerus

Luca de Michele: D'Schéinheet ass seng Passioun

De Make-up-Artist vun ë. a. dem Eurovison Song Contest wëllt Schéinheet realiséieren an ënnerstëtzen, och zum Deel Magie, an dat op ville Plazen uechtert d’Welt.
headphones

56 min

play_arrow
Remy Franck.: E grousst Häerz fir d'Klassik

Remy Franck.: E grousst Häerz fir d'Klassik

De Museksjournalist a Chef vu Pizzicato.lu ass Invité.
headphones

55 min

play_arrow
Dany Kaber: De Mararthon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Mararthon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Sandra Stein: Vun Esch op Berlin | © Sandra Stein

Sandra Stein: Vun Esch op Berlin

D'Sandra Stein ass dem Jean Claude Majerus seng Invitée am "Sot emol". Si gouf bei den Neiwalen an den däitsche Bundestag gewielt, huet awer als Kand zu Esch gelieft.
headphones

56 min

play_arrow
Denis Scuto: Geschicht a Fussball | © Chris Zeien

Denis Scuto: Geschicht a Fussball

Den Historiker a fréiere Fussballspiller a mat Leif a Séil Escher, DenisScuto ass dem Jean Claude Majerus säin Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Thierry Mersch: Musek, Sangen an den ESC | © Julie Schammel / Calliste Fashion

Thierry Mersch: Musek, Sangen an den ESC

De Museker a Sänger Thierry Mersch ass dem Jean Claude Majerus säin Invité déi Kéier am "Sot emol", en absolutten Expert vum Eurovison Song Contest.
headphones

56 min

play_arrow
Marco "Rocky" Rock: Nom Basket e grousst soziaalt Engagement | © Jean-Claude Majerus

Marco "Rocky" Rock: Nom Basket e grousst soziaalt Engagement

Dee fréiere Lëtzebuerger Basketspiller, besser bekannt als Rocky, ass den Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Laura Thorn: Fir Lëtzebuerg beim ESC | © Massen Photography

Laura Thorn: Fir Lëtzebuerg beim ESC

D'Lëtzebuerger Sängerin a Musekerin Laura Thorn ass fir Lëtzebuerg beim ESC 2025 zu Basel mat derbäi mat hirem Lidd "La poupée monte le son"
headphones

56 min

play_arrow
Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en eosu ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow