Sot emol
Laura Miller
Gëschter Owend huet d'Lëtzebuerger Fussballnationalekipp vun de Fraen am nei Stadion am Kader vun der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun géint England gespillt, an um Enn hunn d'Roud Léiwinnen 0-10 verluer, e Resultat, dat awer net erëmspigelt mat wéi vill Engagement d'Lëtzebuerger Spillerinnen um Terrain agéiert hunn. An ëmmerhi war England e Géigner, deen op der Weltranglëscht op Plaz aacht steet, Lëtzebuerg dogéint op 122.
Am Gespréich geet sécher och vun deem Match an dem Erliefnes am neie Stadion rieds. Mee vill méi geet et awer ëm Laura Miller, eis Invitée, aktuell Nationalspillerin an och Kapitänin vun der Nationalekipp. D'Laura Miller huet de Fussball an den Zentrum vun hirem Liewen gestallt, si war am Centre de Formation zu Metz a spillt den Ament bei Standard vu Léck. Wéi koum si bei de Fussball? Wéi gouf dat ronnt d'Lieder zu enger Passioun? A wat mécht d'Laura Miller nach alles esou nieft dem Fussball? Dat wëllt de Jean Claude Majerus ënner anerem vun der Fussballspillerin wëssen.