arrow_back_ios

One World

Red Hot

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

Boulevards heescht de Projet vum Jamil Rashad, dee mat sengem véierten Album "Electric Cowboy: Born in Carolina Mud" seng Racinnen an Éieren hält, an dat mat Soul!


De Red Hot Chili Peppers hiren neien Album heescht "Unlimited Love". De faméise Grupp vun LA, dee mat Diske wéi "Blood Sugar Sex Magik" a "Californication" zum Weltstar gouf, ass elo erëm do am komplette Line Up mam John Frusciante op der Gittar.


Och den Andrew Bird huet eng Aktualitéit "Inside Problems". Den amerikanesche Singer-Songwriter a Multi-Instrumentalist, deen awer virun allem d'Gei studéiert huet, beschäftegt sech hei mat komplexe Froen, Gedanken an Obsessiounen, déi virun allem nuets optrieden ...


D'Australierin Molly Lewis, déi den Ament zu LA lieft, ass weltbekannt als Päiferin, si spillt och d'Ukulele. Hir "The Forgotten Edge EP" ass wärend dem Lockdown 2021 entstanen an der Zesummenaarbecht mat Museker-Frënn an ass en Hommage un de groussen italieenesche Komponist a Museker Alessandro Alessandroni.


Papooz hiren neien Album "None of This Matters Now" ass an enger verloossener Hütt am Süd-Oste vu Frankräich entstanen, en Disk mat Iddien, déi Potential hunn.


Neue Grafik ass den Numm, deen e Londoner Multi-Instrumentalist a Produzent sech ginn huet als Kënschtlernumm. Déi nei Ep vum Neue Grafik Ensemble "Foulden Road Part II" ass eng interessant Opnam mat siwen Titelen, déi sech mat Rasse-Problematiken a mat der globaler Pandemie ausenanersetzt.


Playlist:



Boulevards - Better off Dead (feat. Nikki Lane) - Electric Cowboy: Born in Carolina Mud

Red Hot Chili Peppers - Aquatic Mouth Dance - Unlimited Love

Andrew Bird - Atomized - Inside Problems

Andrew Bird - Underlands - Inside Problems

Marion Rampal - Passe-Montagne - Tissé

Molly Lewis - The Forgotten Edge - EP

Molly Lewis - Wind's Lament - The Forgotten Edge - EP

Farees - Black Hole Blues - Border Patrol

Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Freedom - Nocturne

Papooz - White Roses - None of This Matters Now

Vanessa Wagner - Etude No. 16 - Study of the Invisible

Neue Grafik Ensemble - Breath (feat. JJ Akinlade) - Foulden Road Part II

Sault - Bow (feat. Michael Kiwanuka) - Untitled (Black Is)

Schvédranne & Jack Hirschman - At the lips of a kiss (Texte Intégral) - Vanity Vanity All Is Vanity


Episoden

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow