Radioen

On air

De Weekend  |  Pol Greisch: En Acteur an Auteur, deen den Theater markéiert huet

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Gilles Pegel: "Ech maache ganz vill Näischt"

Gilles Pegel: "Ech maache ganz vill Näischt"

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Invité beim Jean Claude Majerus ass de fräischaffenden Artist Gilles Pegel. Hien huet op der École de Recherche graphique zu Bréissel studéiert an dono eng Zäit am Mudam an der Kommunikatioun geschafft. Dunn huet de Gilles Pegel awer d'Decisioun geholl sech komplett op d'Konscht ze konzentréieren. Säin Atelier huet en am Creative Hub 1535 zu Déifferdeng.


Sech selbststänneg ze maache war fir de Gilles Pegel de richtege Schrëtt, fir seng Kreativitéit ze developpéieren. Et fuerdert vill Disziplin, déi den Artist net ëmmer huet, mee et géif een erawuessen, seet de Kënschtler.


De Gilles Pegel ass ëmmer op der Sich no eppes Neies ass. An dat kënnt och sécher doduerch, datt e séier gelangweilt ass, an et him u Gedold feelt, dofir och ëmmer d'Sich no Neiem. Et kann ee awer d'Fro stellen, ob de Gilles Pegel dann och nach Zäit fënnt fir Näischt ze maachen.



"Ech maache ganz vill Näischt, mee da freet een awer, ob dat Näischt maachen Näischt ass, et verdaut een iergendwéi ëmmer Gedanken. Ech sinn och eng Katastroph, datt ech ëmmer un zwanzeg Chantiere beienee schaffen, dat heescht ech hunn iwwerall nach Tiräng, wou nach Aarbecht op mech waart. (...) An déi Zäit, wou ech Näischt maachen, oder wou déi Saachen do leien ze gären, oder méi zeideg ze ginn, déi huet déi Aarbecht deen Ament och gebraucht."


Episoden

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow