Sot emol
Dr. Patrick Peters
Bei eisem Invité ass et wuel net vermesse vun engem Aventurier ze schwätzen. Den Dokter Patrick Peters ass e Mënsch, deen eng Passioun fir dat éiweg Äis entwéckelt huet. Hie war schonn zu Fouss um Nordpol oder hien ass op verschiddenen Traverséeën duerch Grönland gaangen. An deen nächste Projet, deen op de Patrick Peters waart, ass scho bei der Beschreiwung extreem, zu Fouss iwwer de Kontinent Anarktika, och gären d'Antarktis genannt, bis op de Südpol.
Den Challenge fir de Patrick Peters ass kloer: 3.600 Kilometer a 60 Deeg. De Jean Claude Majerus schwätz mam Patrick Peters iwwer dee Projet, mee och iwwer seng Passioun vun deene Polar-Aventuren