arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Summer's here

Summer's here

Wat géings de maachen, wann s de dee leschte Mënsch op der Äerd wiers? Dës Fro hu sech Aloa Input op hirer leschter Tournée ëmmer erëm gestallt. Dorausser ass elo den Album "Devil's Diamond Memory Collection" entstanen.


Den Tuneesier Jawhar ass derbäi mat sengem leschten Album "Winrah Marah", op deem hie sech kritesch mat der Gesellschaft a mat senger Heemecht ausenanersetzt.


D'Universalitéit vum Blues a vun der Americana gëtt zelebréiert vum franséischen Trio Muddy Gurdy. En erfrëschenden Jazz, deen Hip-Hop, Groove, Elektro an en Acapella Reggae vum Gainsbourg vermëscht: den Julien Daïan Quintet ...


Eng rar Pärel vun Nyssa Musique ass den Album "Comme Au Moulin". E koum 1985 eraus a gouf elo dëser Deeg nei verëffentlecht. Dës eenzegaarteg, hypnotesch Rees gëtt beschriwwen als eng Mëschung tëschent Midori Takada (japanesche Komponist), Don Cherry an Jon Hassel.


E bëssen Techno ass och derbäi mam Abraham Fogg: en audio a visuellen Duo, deen zu Nantes an zu LA baséiert ass. Déi zwee Artiste Grégoire Vaillant a Charles-Edouard Dangelser hu mat "Metamorphosis" hir éischt Ep verëffentlecht, digital an och op Vinyl. Si realiséieren ausserdeem hir eege Court-metragë ganz am Aklang mat hirem Sound.


Playlist:



Radio Tutti & Barilla Sisters - Caión - Xogo

Aloa Input - Atlas Daze - Devil's Diamond Memory Collection

Jawhar - Soutbouk - Winrah Marah

Muddy Gurdy - Chain Gang - Homecoming

Turner Cody & The Soldiers Of Love - Lonely Days in Hollywood - Friends in High Places

The Pioneers - Papa Was a Rolling Stone - Give and Take - The Best of the Pioneers

Julien Daïan Quintet - Trop c'est trop - CUT-UP

Isaac Birituro & The Rail Abandon - Bill -Bill - Single

PM Warson - Losing and Winning - True Story

Iyeoka - Simply Falling - Say Yes

Groundation - Nyabinghi Order (Remixed and Remastered) - Each One Teach One (Remixed and Remastered)

Nyssa Musique - Biside - Comme Au Moulin

Abraham Fogg - Le Vol des Sorcières - Le Vol des Sorcières - Single

The Swingle Singers - Prelude XVIII from Das Wohltemperirte Clavier, BWV 887


Episoden

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow

Global and Individual

Dancy Beats begéine latino an aner Aflëss, e perséinleche Songwriting aus Liberia an zwou Neiverëffentlechunge méi am Detail
headphones

56 min

play_arrow