arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Visa pour le Monde

Visa pour le Monde

Déi bosnesch Sängerin Nataša Mirkovic zesumme mam franséische Serpent Spiller Michel Godard, dem amerikanesche Perkussionist Jarrod Cagwin an dem italieeneschen Accordeonist Luciano Biondini fir den Album "Risplendenti, riversi". Wéi mer dat vun dësen aussergewéinlechen Grenzgänger gewinnt sinn, pendele si och hei hin an hier tëschent Traditioun an Improvisatioun, tëschent klassescher Stilistik a moderne Museksformen.


Zanter den Hadouk Trio eng Paus ageluecht huet, huet de Steve Shehan, ee vun de Multi-Instrumentaliste vum Hadouk Trio Zäit sech op aner Projeten ze konzentréieren. Hien huet mat enger Hellewull Leit gespillt, aus der ganzer Welt a vill vu senge Collaboratioune sinn haut konzentréiert an engem Coffret mat dräi Disken, "VIS" iwwerschriwwen. Mir lauschteren deen éischten Volume "Visa Mundi".


"The Raven" ass de 19. Solo-Studioalbum vum Lou Reed, e Konzept-Album, an deem d'Kuerzgeschichten an d'Gedichter vum Edgar Allen Poe erzielt ginn ...


Et ginn Artisten, déi si quasi total onbekannt, vum Publikum, vläicht awer net vun hire Museker Kolleegen. Esou z. B. de Raül Refree ...


Playlist:



Nataša Mirković, Michel Godard, Luciano Biondini & Jarrod Cagwin - A Trace of Grace (Arr. M. Godard) - Risplendenti, riversi 2020

Nataša Mirković, Michel Godard, Luciano Biondini & Jarrod Cagwin - Alta marea (Arr. J. Cagwin, M. Godard, N. Mirković & L. Biondini) - Risplendenti, riversi

Steve Shehan - Focus 21 - Visa Mundi 2018

Steve Shehan - Mythical Centaurea - Visa Mundi 2018

Lou Reed - Prologue - The Raven (Expanded Edition) 2003

Lou Reed & The Blind Boys of Alabama - I Wanna Know (The Pit and the Pendulum) - The Raven (Expanded Edition)

Jan Verstraeten - Survivor - Single 2019

Richard Youngs & Raül Refree - Nil By Mind - All Hands Around the Moment 2019


Episoden

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow