arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Les mots bleus

Les mots bleus

- "Untried Ways'", deen neien Album vu Solaris Great Confusion, e klenge Bijou a warscheinlech den elegantsten Album vun dëser Rentrée 2020. Un der Spëtzt ass hei de Songwriter Stephan Nieser, dee mat senger Band zanter 25 Joer ganz onreegelméisseg Lidder verëffentlecht. De Stephan Nieser ass keen Eenzelgänger, hien envisagéiert seng Musek just am Kollektiv ëmgi vun engem schéine Quintett (Gei, Accordeon, Bass, Gittaren a Batterie) an déi herrlech Stëmm vum Jacques Speyser. An dësem Ëmfeld kann de Stephan Nieser seng musikalesch Visioune materialiséieren.


- D'Cynthia erënnert un d'Britte vu Ride a presentéiert dem Sänger a Gittarist Andy Bell säin éischte Solo Album.


- Eng Etapp am Mali mam Afel Bocoum, dee seng éischt Schrëtt op Säite vum Ali Farka Touré gemaach huet. De franséisch-libaneesesche Museker Bachar Mar-Khalifé huet en neien Album, "On/Off iwwerschriwwen, en Opus mat spirituelle Reflexiounen, déi un de Khalil Gibran erënneren.


- Den zäitgenëssesche Flamenco vum Niño de Elche léist keen onberéiert, deen en oppent Ouer huet. Den exzeptionelle Museker gëtt e puer Concerten am November. An nëmmen dat Bescht zum Schluss: "Les mots bleus" fir eis an eng duuss Nuecht ze entloossen. En Hommage un de Christophe.


Playlist:



Solaris Great Confusion - Traffic Jam - Untried Ways

Solaris Great Confusion - Inside a Hollow Tree - Untried Ways

Solaris Great Confusion - My Bottom Line - Untried Ways

Ride - Moonlight Medicine - Carnival of Light

Andy Bell - Ghost Tones - The View from Halfway Down

Niño de Elche - Al Verla Muerta - Sí, a Miguel Hernández

C. Tangana & Niño de Elche - Un Veneno - Un Veneno - Single

Afel Bocoum - Penda Djiga - Lindé

Bachar Mar-Khalifé & Marcel Khalifé - Prophète - On / Off

Bachar Mar-Khalifé - On / Off - On / Off

Dominique A - Vie étrange - Vie étrange

Christophe - Les mots bleus - Best of (Collector)

Alain Bashung - Les mots bleus - Osez Bashung

Rodolphe Burger - La Chambre (feat. Christophe & Philippe Poirier) - Environs


Episoden

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow

Global and Individual

Dancy Beats begéine latino an aner Aflëss, e perséinleche Songwriting aus Liberia an zwou Neiverëffentlechunge méi am Detail
headphones

56 min

play_arrow

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow