Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Hey Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Honnerte Festname bei Manifestatiounen uechtert d'Tierkei

Tierkei

Honnerte Festname bei Manifestatiounen uechtert d'Tierkei

Dem tierkeschen Inneminister no si gëschter um Freideg bei Manifestatiounen uechtert d’Land 343 Persoune festgeholl ginn. D’Leit waren op d’Strooss gaangen, fir géint d’Interpellatioun vun e Mëttwoch vum Buergermeeschter vun Istanbul Ekrem Imamoglu ze demonstréieren.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Umit Turhan Coskun
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Umit Turhan Coskun)

Den Imamoglu soll muer um Sonndeg zum Presidentschaftskandidat vu senger sozialdemokratescher Partei fir d’Walen 2028 nominéiert ginn. Fir de Minister Ali Yerlikaya géifen déi, déi de Chaos an d’Provokatioun wëllen, net toleréiert ginn.