Kiew hätt Consultatioune gefrot, fir sech iwwert d‘Detailer an iwwert d'technesch Aspekter eens ze ginn, heescht et an engem Communiqué. De Kreml hat de Mëtteg gemellt, datt den Inhalt vun de Gespréicher de Méindeg zu Riad net géif publizéiert ginn; wéinst der Positioun vun der Ukraine. Detailer goufen net genannt.
Washington géif donieft Moskau dobäi ënnerstëtzen, fir ënnert anerem erëm russesch landwirtschaftlech Produiten um Weltmaart kënnen ze verkafen. Dat ass den Ament wéinst Sanktiounen net méiglech. Aner Froen am Ugrëffskrich bleiwen awer weiderhin op. D'USA an d‘Ukraine ware sech jo rezent iwwert eng 30 Deeg laang generell Waffepaus eens ginn – domat ass Russland awer bis ewell net averstanen.
Paräis preparéiert Sommet vun de Länner déi d'Ukrain ënnerstëtzen
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass iwwerdeems Mëttwoch den Owend zu Paräis. Hie gëtt vum franséische President Emmanuel Macron am Elysée empfaangen. Do soll de Sommet vun en Donneschdeg vun de Länner, déi d'Ukrain ënnerstëtzen, preparéiert ginn. Um Sommet sollen d‘Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain am Mëttelpunkt stoen.
20 Länner wiere fir dee Sommet invitéiert, heescht et vun diplomatesche Sourcen – dorënner Groussbritannien, Kanada, Norwegen an d‘Tierkei.