D'UN wäert, wéinst der humanitärer Noutlag, d'Gazasträif awer net komplett verloossen. Zwee Drëttel vun den UN-Mataarbechter:inne wäerten am Gebitt bleiwen. Och déi ronn 10.000 lokal palästinensesch Mataarbechter:innen vun der UNRWA wäerte weider schaffen.
Am Norde vun der Gazasträif huet déi israeelesch Arméi d'Leit zu Dschabalia opgeruff, sech a Sécherheet ze bréngen. Nodeems aus där Géigend eng Rakéit op Israel geschoss gouf, géif déi israeelesch Arméi elo eng Attack plangen, sou ee Spriecher.