Radioen

On air

Tockcity  |  South Arcade - 2005

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grönland wäert US-amerikanesch Delegatioun net ëmfänken

"Auslännesch Amëschung"

Grönland wäert US-amerikanesch Delegatioun net ëmfänken

En Donneschdeg soll eng US-amerikanesch Delegatioun a Grönland reesen. Den nach-Premierminister vu Grönland, schwätzt vun enger auslännescher Amëschung an huet ugekënnegt, datt déi Delegatioun vu Washington net wäert empfaange ginn. 

auto_stories

1 min

An der Delegatioun soll, ënner anerem, den US-amerikanesche Sécherheetsberoder Mike Waltz an dem Vize-President JD Vance seng Fra Usha Vance dra sinn. D'Visitt gëtt vu Säite vun der Trump-Regierung domat erkäert, datt d'Usha Vance gäre bei enger Hondsschlittecourse géif matmaachen. 

De President Donald Trump huet jo schonn e puer Mol gesot, dass hie Grönland, dat zu Dänemark gehéiert, wéilt annexéieren.