D'Wäisst Haus huet dës Pann confirméiert. E Spriecher vum Nationale Sécherheetsrot huet eng intern Enquête ugekënnegt.
D'Demokraten hu Kritik geäussert a vun enger remarkabeler a geféierlecher Sécherheetspann vum Donald Trump senger Regierung geschwat. Den Donald Trump minimiséiert de Virfall. Et wier déi éischt Pann bannent zwee Méint gewiescht an nach dobäi keng seriö. De Mike Waltz, US-Sécherheetsberoder, hätt seng Lektioun geléiert.
D'Spriecherin vum Wäissen Haus Karoline Leavitt mellt op X, datt keng klassifizéiert Informatiounen a keng Krichspläng gedeelt gi wieren.