Radioen

On air

Concert  |  Concert a Commemoratioun vum Holocaust

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tierkei: Demonstrante fuerderen de Récktrëtt vun der Regierung

No der Verhaftung vum Ekrem Imamoglu

Tierkei: Demonstrante fuerderen de Récktrëtt vun der Regierung

An der Tierkei hunn nees zéngdausende Mënsche géint d'Verhaftung vum Oppositiounspolitiker an Istanbuler Buergermeeschter Ekrem Imamoglu protestéiert. D'Demonstranten hunn de Récktrëtt vun der Regierung vum President Recep Tayyip Erdogan gefuerdert. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Umit Turhan Coskun
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Umit Turhan Coskun)

Trotz Demonstratiounsverbuet gouf et fir de sechsten Owend hannerenee Massendemonstratiounen zu Istanbul, Ankara an anere Stied. 

Zënter dem Ufank vun de Protester goufen dem Inneministère no méi wéi 1.100 Leit festgeholl.

Den Ekrem Imamoglu gëllt als gréisste politesche Konkurrent vum Erdogan. Hie gouf vun der gréisster Oppositiounspartei als Kandidat fir d'Presidentschaftswal 2028 opgestallt.