Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affekot vum Gérard Depardieu kritiséiert Formfeeler a kritt virgehäit, op d'Zäit ze spillen

Zweete Prozessdag

Affekot vum Gérard Depardieu kritiséiert Formfeeler a kritt virgehäit, op d'Zäit ze spillen

Zu Paräis huet gëschter um Méindeg e Geriichtsprozess géint de Schauspiller Gérard Depardieu ugefaangen. Zwou Frae beschëllegen hien, si 2021 op engem Filmset sexuell aggresséiert ze hunn. Den Depardieu bestreit dës Virwërf. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / ABBfoto play_arrow
(Foto: picture alliance / ABBfoto)

Eigentlech sollt de Prozess géint de Gérard Depardieu schonn d'lescht Joer sinn. Wéinst Gesondheetsbedenken beim Schauspiller gouf dësen allerdéngs verréckelt. Gëschter um Méindeg war de Schauspiller awer am Geriichtssall. Haut um Dënschdeg geet de Prozess weider.

"Ech si kee Metrosbegrapscher"

De Gérard Depardieu weist d‘Virwërf zeréck. Hien huet um Dënschdegmoie fir d‘éischte Kéier d‘Wuert ergraff. Hien huet zouginn, eng vun de Fraen un der Hëft ugepaakt ze hunn, mee do wier näischt Sexuelles dobäi gewiescht.

Hien hätt et net néideg, un enger Fra "ze fummelen", hie wier schliisslech kee "Metrosbegrapscher".

Schauspillerin soll Depardieu entlaaschten

Den Affekot vum Depardieu, de Jérémie Assous, sot gëschter, et wiere bis elo vill Formfeeler beim Prozess gemaach ginn. Dofir fuerdert hien d'Annuléierung vun dësem.

Den éischte Prozessdag goung virun allem ëm Prozeduren. D'Affekotinne vun der Partie civil hunn dem Depardieu sengem Affekot virgehäit op Zäit ze spillen, fir Debaten ze verhënneren. Zu dëse soll et awer haut kommen. Ënner anerem wëllt déi franséisch Schauspillerin Fanny Ardant als Zeien aussoen an den Depardieu entlaaschten.

Anouk Grinberg: Justiz muss endlech duerchgräifen

Et sinn awer net déi eenzeg Virwërf vu sexuellem Mëssbrauch géint den Depardieu. Insgesamt eng 20 Fraen hu sech an de leschte Joren zu Wuert gemellt.

Am Geriichtssall gëschter war och d'Schauspillerin Charlotte Arnould, déi dem Depardieu Vergewaltegung virgehäit. An dëser Affär kéint et och geschwënn zu engem Prozess kommen. Och d'Schauspillerin Anouk Grinberg war gëschter am Sall, gouf awer erausgeschéckt, nodeems si hir Stëmm erhuewen hat. Si huet am Film "Les Volets verts", op deem sengem Set et zu de Virfäll soll komm sinn, matgespillt, an huet gëschter kloer Wierder fonnt: Den Depardieu géing zënter 50 Joer Frae belästegen. D'ustiz misst elo duerchgräifen.

Den Depardieu riskéiert bei enger Verurteelung 5 Joer Prisong an eng Geldstrof vu 75.000 Euro.

Lauschterenplay_arrow

live

Live