D‘Invitée beim Jean Claude Majerus war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun, där si mat Succès nogaangen ass. Si war Juniorweltmeeschterin an U-21-Europameeschterin.
Du koum awer den Ament, wou si an hirem Liewen en anere Wee gaangen ass an zu Berlin eng Schauspillformatioun ugefaangen huet. Ënner anerem doriwwer geet mat der Kimberly Darcy Mae rieds.