E Buedmantel aus Seid, eng Kapitänskap um Kapp an eng Päif am Mondwénkel, eng Beschreiwung, déi fir eng Ikon vun engem ganze Joerhonnert stoung: de Hugh Hefner. E Mann, deen 1953 mat 600 Dollar, déi hie sech geléint hat, eng Editiounsrevolutioun lancéiert huet.
Tjo, vläicht hätt den amerikanesche Männermagasinn “Esquire” ufanks vum Joer 1952 besser gehat, hirem deemools 26 Joer jonke Mataarbechter Hugh Hefner, wéi dee gefrot huet, 5 Dollar méi an der Pai ze kréien, déi ze ginn. Well deen Ament hätt den Hugh Hefner sech nämlech net selbstänneg gemaach a wier net zu där iwwergrousser Konkurrenz fir den “Esquire” ginn.
De Hugh Hefner huet deemools gekënnegt, säi ganze Mutt zesummegeholl, sech hei an do Sue geléint an 1953 d’Aventure “Playboy” lancéiert.
En amerikaneschen Dram goung an Erfëllung an ob deen amerikaneschen Dram, deen ee kloer soll kritesch hannerfroen, kuckt de Jean Claude Majerus zeréck, well den 9. Abrëll dëst Joer hätt de Hugh Hefner 100 Joer kritt.