Et ass sécher net falsch den amerikaneschen Entertainer, Acteur a Sänger Jerry Lewis, de Papp vun der Comedy ze nennen. Hien huet mat senger Slapstick-Konscht Generatioune vu Komiker beaflosst a genee dee Jerry Lewis koum de 16. Mäerz 1926, also iwwermuer virun 100 Joer, op d’Welt.
De Jerry Lewis ass den 20. August 2017 am Alter vun 91 Joer gestuerwen, an datt hien esou al gouf, huet schonn un e Wonner gegrenzt. De Komiker huet nämlech a sengem Liewen esou munch schro Kränkten iwwerstanen: hien hat Prostatakriibs, eng Mo-Bluddung, hat d’Réckkräiz gebrach, hat eng Longefibros a war joerzéngtelaang medikamentenofhängeg. 1982 war hien no engem Häerzinfarkt 17 Sekonne laang klinesch dout.
Wann een dat alles héiert, dat stëmmt beim Jerry Lewis op alle Fall d’ Spréchwuert: “Onkraut vergeet net”.
De Jean Claude Majerus erënnert un dee weltberüümte Grimasseschneider.