Den 28. Februar 1986 an der schweedescher Haaptstad Stockholm, et war e kale Wanterowend an deen deemolege schweedesche Premierminister Olof Palme kënnt mat senger Lisbeth aus dem Kino, ouni Sécherheetsleit ronderëm sech, et gëtt geschoss, de Olof Palme stierft. E Mord, deen e ganz Land gerëselt huet a bis haut bleiwen nach ëmmer vill Froen ouni Äntwert. Den Olof Palme war eng faszinant, awer gläichzäiteg och tragesch Figur an der europäescher Zäitgeschicht. E charismatesche Mënsch, deem säin Doud bis haut net richteg gekläert konnt ginn.
Mee wat bleift 40 Joer no der Dot, nom Olof Palme sengem Doud? Et bleift d’Bild vun engem Politiker, fir dee Courage méi wichteg war wéi Diplomatie. mat awer engem héije Präis fir dee Courage. Den Dossier Olof Palme gouf 2020 offiziell clôturéiert, mee Satisfaktioun an en definitive Schlussstréch huet d’Schwede bis haut ni gespiert.
Den Olof Palme war e Mann vun de klore Wierder a vill Courage fir de Fanger an d’Wonn ze leeën, wou et wéi deet. Säin Doud wäert ongekläert bleiwen, dofir awer d’Erënnerung un den Owend vum 28. Februar 1986, deen e Land verännert huet an un e Politiker, deen ni d’Distanz zu der Realitéit verluer huet.