Ouni de Fritz Rau hätten Jazzgréisste wéi Ella Fitzgerald a Miles Davis, oder Pop- a Rocksuperstare wéi d’Madonna, d’Rolling Stones, de Jimi Hendrix oder den Eric Clapton wuel ni oder op alle Fall net esou fréi an Däitschland op enger Bün gestanen.
De Concertspromoteur Fritz Rau huet nämlech a sengem Liewen iwwer 6.000 Concerten organiséiert. An nieft den internationale Cracken huet de Rau och joerzéngtelaang Tournéeë fir däitsch Kënschtler organiséiert an och produzéiert, fir Artiste wéi den Howard Carpendale, d‘Nana Mouskouri, de Peter Maffay, den Udo Lindenberg oder och nach fir d’Jazz-Bridder Albert an Emil Mangelsdorff.
Un deem Fritz Rau, deem Organisatioun am Blutt louch, säi 95. Anniversaire gëtt haut geduecht. Hien ass den 19. August 2013 am Alter vun 83 Joer gestuerwen a sécher huet hien no sengem Doud, wou ëmmer hien och ass, esou munch Kënschtler erëm begéint, fir déi hie Concerten organiséiert huet.