Retromania
Nic Klecker: E bedeitenden Humanist
12 min
De 14. Dezember 2009 koum d’Nouvelle, datt de Lëtzebuerger Schrëftsteller, Professer fir Latäin a Franséisch a Mënscherechtler Nic Klecker am Alter vun 81 Joer gestuerwen ass, deemno viru 15 Joer.
Nieft sengem Schreiwen a senger Aarbecht als Enseignant huet den Nic Klecker sech mat ganz vill Engagement an Devouement fir d’Mënscherechter agesat. Hie war Matgrënner vun Amnesty International Lëtzebuerg, wou hien och tëschent 1970 an 1982 als President un der Spëtzt stoung, a Membre-Fondateur a President vun der Commission consultative des Droits de l’homme.
Dem Nic Klecker säin Häerz huet awer och fir d’Konscht a besonnesch fir déi franséischsproocheg Lëtzebuerger Literatur geschloen, wou hie sech och aktiv engagéiert huet.
De Jean Claude Majerus erënnert un dëse groussen Humanist an um Enn vum Bäitrag héiert Dir eng literaresch Libeserklärung vum Nic Klecker un Europa.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus