D’Gittaristen uechtert ganz Welt waren den 12. August 2009 am Trauer, de Papp vun engem Kultobjet war gestuerwen.
Den Jazz- a Rock-Pionéier Les Paul, de Papp vun der elektrescher Gittar, ass viru 15 Joer am Alter vu 94 Joer zu White Plains am US-Bundesstaat New York gestuerwen.
A wann et den amerikanesche Museker a Gittarist Les Paul net gi wier, da géif et hautdesdaags vläicht esou guer déi elektresch Gittar, wéi mir se kennen, nach net ginn.