Wéi an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert d’Begeeschterung fir nei Technologien an de Fortschrëttsglawen - och an der Musek - bal net ze bremse waren, huet den György Ligeti een anere Wee ageschloen. Et war eng Reaktioun op dat rengt Experimentéieren, e Stéck zeréck un d’Wuerzele vun der Musek. De Ligeti huet aus de Wuerzelen nei Äscht gezillt, eng ganz individuell Klangsprooch fonnt, déi hie bis haut zu engem vun deene meeschte gespillten Avangardiste mécht.
Haut op den Dag sinn et 20 Joer hier, datt de György Ligeti zu Wien gestuerwen ass. De Guy Engels erënnert un de Komponist.