Musique + Littérature: Ënner deem Motto organiséiert United Instruments of Lucilin e Weekend mat 4 Optrëtter zu Rëmerschen an der Fondation Valentiny. Beim éischte Concert de Samschdeg den Owend, gëtt e Wierk vum Pascal Schumacher uropgeféiert. Dat ass eng Commande vu Lucilin gewiescht, déi iwwer de Kulturministère finanzéiert gouf.
An der neier Kompositioun vum Pascal Schumacher spillt deementspriechend Literatur eng wichteg Roll. Mee wat huet wat inspiréiert? D'Literatur d'Musek, oder d'Musek d'Literatur?
De Pascal Schumacher huet eis säin Aarbechtsprozess verroden.