Et ass nach net all ze laang hier - Enn Februar fir genee ze sinn - do gouf deen neie Concertssall vun der Péitenger Museksschoul feierlech ageweit. Benannt gouf en nom Floss Kor, deen duerch d’Gemeng am Süde vum Land fléisst. Bei der Aweiung vum Korus ass de Francesco Tristano opgetrueden, deen an der Gemeng Péiteng grouss gouf. An och fir den Ofschlossconcert vun de Festivitéiten dëse Samschdeg um 8 Auer bleift d’Programmatioun der Linn vum éischte Concert trei: feierlech a lokal. Den Direkter vun der Péitenger Museksschoul Paul Origer gëtt am Opus-Interview en Abléck.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Feierlech a lokal
Lauschteren
play_arrow
Paul Origer (Foto: Eric Engel)
headphones
5 min
mic_none
Presentéiert vum
- Luc Boentges
Episoden
19. Juni: Live-Concert um Opus - Tëschent Idyll an Zerstéierung
Beethoven: Sinfonie Nr. 6 "Pastorale", Brett Dean: Pastoral Symphony, Pasquale Punzo: Archipelaghi insonni (Uropféierung)
"Skitter II" vum Hy-Khang Dang
Éischt Optragskompositioun vun der Luxembourg Philharmonic Academy gëtt uropgeféiert
20. Doudesdag vum György Ligeti
E Komponist, deen aus de Wuerzelen nei Äscht gezillt huet.
Journée de la musique vun der AEM
Dëse Sonndeg, 14. Juni, steet am Parc zu Hesper d’Musek am Mëttelpunkt an dat mat der Journée de la musique vun der AEM, der Associatioun vun der Musekschoule vu Lëtzebuerg.
Feierlech a lokal
Den Ofschloss vun de Festivitéite ronderëm d'Aweiung vum Concertssall Korus