Eisen nächste Gaascht am Klassik Talk ass de Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners, dee feiert dës Woch säi 70. Gebuertsdag. An dat war d'Occasioun fir hien an eis Studioen anzelueden an e Bléck op seng Carrière ze werfen. An dësem éischten Extrait aus dem Gespréich mam Marie Trussart, verréit de Claude Lenners wéi hien ugefaangen huet Musek ze spillen an erzielt iwwer dat éischt Stéck, wat hien als Kand komponéiert huet. Alles huet am 'Café Léiwekeller' zu Hollerech ugefaangen. Hien deelt mat eis d’Erënnerungen un de grousse Festsall voller Instrumenter an un de Moment, wou hien als klenge Jong op sengem Papp sengem Schouss souz an d’Taste vum Piano erofgoe gesinn huet, währenddeems hie Schubert gespillt huet.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Klassik Talk mam Claude Lenners
Lauschteren
play_arrow
headphones
5 min
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes