De Schwäizer Pianist a Laureat vum Concours Reine Elisabeth 2007, de Francesco Piemontesi, feiert de 5. Juni 2026 säin Debut mat de Lëtzebuerger Philharmoniker. An dat mat engem vun deenen technesch usprochsvollste Concertoen aus der Pianosliteratur - mam drëtte Concerto vum Sergei Rachmaninoff. Hie wäert zesumme mam Dirigent Daniele Rustioni optrieden. E Kollaborateur, mat deem hie scho méi wéi ee Jorzéngt op der ganzer Welt optrëtt. Et ass awer net fir d'éischt, datt de Francesco Piemontesi hei zu Lëtzebuerg an der Philharmonie op der Bün steet. Fir d'lescht war hien am Januar 2026 hei. A seng Erënnerungen un d'Philharmonie sinn och nach ganz present.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
"Lessons in Virtuosity"
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes