Dëse Sonndeg, 14. Juni, steet am Parc zu Hesper d’Musek am Mëttelpunkt an dat mat der Journée de la musique vun der AEM, der Associatioun vun der Musekschoule vu Lëtzebuerg. En Dag, bei deem déi 10 Musekschoulen am Grand Duché nomëttes zwou bis owes 10 Auer musikalesch weisen, wat si ausmécht.
Doriwwer eraus steet d’Journée de la musique am Zeeche vum 50. Anniversaire vun der AEM, eng Associatioun, an där déi 10 Museksschoule regruppéiert sinn. De Jean Claude Majerus huet sech mam President vun der AEM, dem Romain Asselborn, iwwer d'Evenement ënnerhalen.