Een neit Format gëtt Lëtzebuerger Museker:inne gewidmet, en anert neit Format fënnt a kengem vun de Concertssäll vun der Philharmonie statt. Dem Beethoven säin 200. Doudesdag dominéiert programmatesch zimmlech staark an der Saison 26/27 vun der Philharmonie. Deen neie Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, de Martin Rajna, wäert een Drëttel vun all senge Concertsprogrammer an der Philharmonie dem Beethoven widmen. Säin Amtsuntrëtt mécht hien allerdéngs mat Kurtàg, Bartók a Mahler. Hien huet och verroden, firwat hie grad dës Komponiste fir säin éischte Concert als Chefdirigent den 2. Oktober erausgesicht huet.
En detailléierte Bericht fannt Dir vun 09h50 fir nozelauschteren op www.opus.radio an an der Opus 100,7 App.