D’Lëtzebuerger Volleksmusek nees méi lieweg a fir e modernen, internationale Public ze adaptéieren, dat huet sech de Projet Authentica un d’Häerz geluecht. Den 12. Februar um 7 Auer owes kann een am Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, kuerz CAPE, al Lëtzebuerger Melodien, Legenden a Märercher a verschidde Sproochen héieren a komplett nei interpretéiert. D’Martina Menichetti, ass Sängerin a Flüttistin vum Ensemble Authentica, si recherchéiert an arrangéiert och d’Stécker fir de Concertsprogramm. Als Musekerin lauschtert si Musek aus aller Welt. Dobäi ass hir opgefall, datt all Land seng eege Volleksmusekstraditioun huet an datt déi ëmmer nees moderniséiert gëtt. Sou bleift se vu Generatioun zu Generatioun weiderhi relevant.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Eng modern Interpretatioun vun der Lëtzebuerger Volleksmusek
Lauschteren
play_arrow
headphones
5 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
19. Juni: Live-Concert um Opus - Tëschent Idyll an Zerstéierung
Beethoven: Sinfonie Nr. 6 "Pastorale", Brett Dean: Pastoral Symphony, Pasquale Punzo: Archipelaghi insonni (Uropféierung)
"Skitter II" vum Hy-Khang Dang
Éischt Optragskompositioun vun der Luxembourg Philharmonic Academy gëtt uropgeféiert
20. Doudesdag vum György Ligeti
E Komponist, deen aus de Wuerzelen nei Äscht gezillt huet.
Journée de la musique vun der AEM
Dëse Sonndeg, 14. Juni, steet am Parc zu Hesper d’Musek am Mëttelpunkt an dat mat der Journée de la musique vun der AEM, der Associatioun vun der Musekschoule vu Lëtzebuerg.
Feierlech a lokal
Den Ofschloss vun de Festivitéite ronderëm d'Aweiung vum Concertssall Korus