De franséisch spuenesche Sänger Manu Chao huet 2024 säi 5. Studioalbum "Viva Tu" verëffentlecht. Et ass dem Artist seng éischt Studio-Verëffentlechung no "La Radiolina" aus dem Joer 2007.
De Gilberto Rodriguez y Los Intocables sinn inspiréiert vum Jazz, dem Rock, den afro-kubanesche Rhythmen a vum Guaguancó - eng vun de Forme vun der Rumba.
Minino Garay ass en argentinesche Jazz-Batteur a Perkussionist, mir entdecken de schéinen Album "Asado".
Och aus Argentinie kënnt déi 6 Käppeg Band Churupaca. Si huelen eis mat an d’Nuechte vun der "Luna Nueva" …
D’Iva Bittová ass eng tschechesch Sängerin a Geiistin, an och Schauspillerin. Si gouf bekannt duerch den Dokumentarfilm iwwer de Fred Frith "Step Across the Border".
Beim Piers Faccini & Ballaké Sissoko héiere mir d’Säiteninstrumenter Gittar a Kora, déi matenee verschmëlzen um gemeinsamen neien Album "Our Calling".
De Farees ass en Artist, dee staark vu sengem Touareg-Ierwe beaflosst ass. Hien huet mat Gruppe wéi Tinariwen oder Terakaft gespillt …
Domenique Dumont, esou nenne sech de lettesche Multiinstrumentalist a Produzent Arturs Liepins an d’Sängerin wéi Ethnomusikologin Anete Stuce. E karibesche Groove an duussen Dub.
Playlist:
01. Manu Chao - River Why - Viva Tu
02. Krishoo Monthieux - Sainte Marie- Single
03. Minino Garay - Taquirari (feat. Kevin Johansen) - Asado
04. Gilberto Rodriguez y Los Intocables - Limón Partido - Sabor Maracuyá Desnuda
05. Churupaca - Luna Nueva - Sesiones de Estudio (En Vivo) - Luna Nueva - Sesiones de Estudio
06. Ignacio Maria Gomez - Sialah - Belesia
07. Iva Bittova - Bile inferno - Mater
08. Titi Robin - Ali Farka danse et se souvient - Rebel Diwana
09. Farees - Mars / Tuareg - Galactic Africa
10. Piers Faccini & Ballaké Sissoko - One Half of a Dream - Our Calling
11. Domenique Dumont - La vie va - Deux Paradis
12. Lawne - The Huge Balloon- The Huge Balloon - Single
13. Up, Bustle & Out - Coca Conga - Silks, Perfumes and Gold - EP