E liewegen, jo bal gléckleche Museksstil stoung am Mëttelpunkt vun der Wiener Klassik, der Zäit tëschent 1750 an 1825. Esou huet de Wolfgang Amadeus Mozart beispillsweis bal alleguerte vu sengen 41 Sinfonien a méi hell kléngenden Dur-Tounaarte geschriwwen.
Weder de Mozart, nach de Beethoven, sinn zu Wien opgewuess, an awer hu si déi éisträichesch Haaptstad staark gepräägt. An dësem Matschnëtt vun engem Concert vum nationale rumänesche Radiosorchester vum 19. Januar 2024, héiere mir Wierker, déi déi zwee Komponiste geschriwwen hunn, wéi si zu Wien gewunnt hunn.
Dir kënnt dëse Concert bis den 29. Abrëll an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Programm:
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Sinfonie Nr. 39 a Mi bémol Majeur, K. 543
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Concerto fir Piano Nr. 5 a Mi bémol Majeur, op.73 "Emperor"
Interpreten:
Romanian Radio National Orchestra
Katharina Wincor, Direktioun
Mihai Ritivoiu, Piano