Et ass e Concert an enger atmosphärescher Blos vu ronn 50 Minutten, an där all d’Stécker ouni Ënnerbriechung enchaînéiert ginn. Der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz hir "Bookends" ëmginn de Pianosconcerto vum Ligeti an déi nei elektronesch Kompositioun vum Liam Dougherty. Bis op dem Ligeti säi Concerto sinn all d'Stécker Uropféierungen.
Dëse Repertoire gouf um Rainy Days Festival an der Philharmonie ënner der Rubrik Extreme Piano programméiert a gouf do den 23. November 2024 am grousse Sall opgeholl.
D’Opnam vun dësem Concert ass nach bis den 12. Mäerz 2025 hei an der Mediathéik op www.opus.radio disponibel.
Programm:
01:58 - Catherine Kontz: Bookends (1. Deel) - Eng Choreographie fir Pianist an Orchester (Uropféierung)
03:46 - György Ligeti: Concerto fir Piano an Orchester
28:00 - Liam Dougherty: Blackness, Structures, Exteriors (Uropféierung, Commande vun der Lëtzebuerger Philharmonie)
49:01 - Catherine Kontz: Bookends (2. Deel) Eng Choreographie fir Pianist an Orchester (Uropféierung)
Interpreten:
Cathy Krier, Piano
Liam Dougherty, Elektronik
Orchestre de Chambre du Luxembourg
Naomi Woo, Direktioun