De Pierre Boulez war net nëmmen e bedeitenden Komponist an der Neier Musek vum leschte Joerhonnert. Och als Dirigent war hie fréi aktiv an erfollegräich: Säin eegenen Ensembel Domaine Musicale huet hie schonn a jonke Jore gegrënnt. Als Autodidakt wiisst hien u sengen Aufgaben a gëtt séier vu senge Museker an och vu senge Kritiker gefeiert. Seng Karriär als Dirigent féiert de Boulez bei Top-Orchesteren op der ganzer Welt a queesch duerch de Repertoire vun der Klassik.
Programm:
Maurice Ravel: Pianosconcerto a Sol Majeur
The Cleveland Orchestra
Krystian Zimmerman, Piano
Pierre Boulez, Direktioun
Béla Bartok: Musek fir Sträicher, Celesta a Perkussioun
BBC Symphony Orchestra
Pierre Boulez, Direktioun
Claude Debussy: Images pour orchestre
Cleveland Orchestra
Pierre Boulez, Direktioun
Richard Wagner: Virspill vun der Oper Tristan und Isolde
New York Philharmonic
Pierre Boulez, Direktioun