Zu Saint-Germain-en-Laye ass den Debussy op d'Welt komm an zu Montfort-l'Amaury steet dat Haus, wat dem Ravel säi leschte Wunnsëtz war. Domat versprécht den Titel vum Concert "De Monfort à Saint Germain" Stëmmunge fir déi déi zwee franséisch Impressioniste bekannt sinn: poetesch Melodien, nostalgesch Klangfaarwen a franséische Charme.
Programm:
Claude Debussy (1862-1918): Sonat fir Cello a Piano a Re
Maurice Ravel (1875-1937): Sonat fir Gei a Piano a Sol (Blues Sonat)
Maurice Ravel (1875-1937): Trio fir Gei, Cello a Piano a La
Interpreten:
Ani Karapetyan, Gei
Stéphane Giampellegrini, Cello
Grégoire Baumberger, Piano
D'Opnam vun dësem Concert ass nach bis den 22. Abrëll 2025 disponibel op www.opus.radio