Déi villsäiteg rumänesch Musekerin Simona Strungaru huet hir Fans scho mat Jazz, Film, Theater a Rocknummeren erreecht. Bei dësem Concert aus Bukarest léiere mir si kenne mat Klassik par Excellence. Um Programm stinn nieft Wierker vum Mozart och d’Sinfonie a Mi bémol Majeur KV18. Dat Wierk gouf ursprünglech dem Mozart zougeschriwwen, a Realitéit war awer de Carl Friedrich Abel, dem Mozart säi Virbild, de Komponist.
Programm:
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791) / Carl Friedrich Abel (1723-1787): Sinfonie a Mi bémol Majeur, KV18
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Concerto fir Piano a La Majeur KV 488
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Adagio, aus 'Sonat a Ré Majeur KV 576'
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Sinfonie an Do Majeur KV 425, "Linzer"
Interpreten:
Kammerorchester vum rumänesche Radio
Simona Strungaru, Direktioun/Piano