Véier Museker, véier Frënn liewen zu Berlin. Ee vun hinne kritt eng Propositioun fir e Concert op Korsika. Déi véier decidéieren, do als Quartett opzetrieden a fänken äifreg un ze prouwen. De Concert gouf um Enn ofgesot, mee d’Begeeschterung fir gemeinsam Kammermusek ze maachen ass bliwwen - an esou entsteet 2016 de Quatuor Agate.
Iwwer d’Jore mécht de Quatuor Agate sech een Numm an der internationaler Musekszeen a gëtt fir d’Saison 2024/2025 fir d’Serie Rising Stars vun den europäesche Concertshaiser nominéiert a war den 10.12.2024 Invité an der Philharmonie.
Programm:
Anna Korsun: Last Flight for string quartet
György Ligeti: Sträichquartett Nr. 1 “Métamorphoses nocturnes”
Antonín Dvořák: Sträichquartett Nr. 13 a sol majeur op.106
Interpreten:
Quatuor Agate
Adrien Jurkovic, Thomas Descamps, Gei
Raphaël Pagnon, Braatsch
Simon Iachemet, Cello