arrow_back_ios

One World

Got Soul?

De Klang vu Kuba vun den 30er bis 50er Joren zesummebruecht mam Blues, dat proposéiert den Jazz Pianist Raphaël Lemonnier op senger Aktualitéit "Blues for Dos Gardenias".


Den aachtkäppege Londoner Ensembel Kokoroko spillt eng flott Mëschung aus Jazz an Afrobeat. D'Musek aus West-Afrika ass immens populär, manner bekannt ass déi aus dem Togo. Vaudou Game mam Bandleader Peter Solo, dee sech op en Neits mat de Gottheeten ausenanersetzt.


Me and My Friends, de Grupp vu Bristol, dee vum englesche Folk an och vun der World Musek beaflosst ass, feiert seng zéng Joer a sech selwer.


D'Balaphonics vermëschen den nigerianeschen Afrobeat, mat der Highlife Dance aus dem Ghana, dem Bikutsi aus dem Cameroon an de west-afrikanesche Mandingo, mat Soul an Jazz.


Deen amerikaneschen Jazz Sänger Kurt Elling huet en neie Projet a Richtung Funk, dee "Super Blue" iwwerschriwwen ass, an dat an der gudder Gesellschaft vum Gittarist a Produzent Charlie Hunter.


Decouverte dës Kéier: "Souled Out On You", en häerzzerräissende Soul vum Robert Finley vum neien Album "Sharecropper's Son", en Disk, dee vum Dan Auerbach produzéiert an och zum Deel matgeschriwwe gouf.


Probéiere mer nach, eis eng Band Rock'n'Roll-, Blues Museker a Gospel SängerInne virzestellen, déi zesummen an engem alen Zirkuszelt hir Passioun voll ausliewen. The Future Shape Of Sound, ee bis zu zéngkäppege Rock'n'Roll-Crime-Gospel-Outfit vu London maachen dat.


Playlist:



Raphaël Lemonnier & La Trova Project - Chan Chan - Blues for Dos Gardenias

Kokoroko - Carry Me Home - Single

Vaudou Game - Yome - Noussin

Me and My Friends - All That Is You (Rework) - Reworks - EP

Balaphonics - Golden Doudou - Spicy Boom Boom

Kurt Elling - Sassy (feat. Charlie Hunter) - SuperBlue (feat. Charlie Hunter)

(PM Warson - Just) Call My Name - True Story

Robert Finley - Souled Out On You - Sharecropper's Son

Robert Finley - Country Child - Sharecropper's Son

Karate Boogaloo & Danielle Ponder - Little Bit - Look Around / Little Bit - Single

The Future Shape of Sound - Gone All Wrong (feat. Amani Z & Big Joe Louis) - Shakedown Gospel

Slim Paul - There Will Be No Dawn - Good for You

Farees - Y'all Don't Know What's Goin On (feat. Calexico) - Border Patrol

Dubioza Kolektiv & Manu Chao - Cross the Line - #fakenews


Episoden

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow

Think twice, before judging

Soul, Blues, Gospel, Hoffnung, Léift … déi afrikanesch Diaspora kënnt zu Wuert a mir entdecken nei en Album aus den ufanks 70er Joren
headphones

56 min

play_arrow

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status
headphones

56 min

play_arrow

“The Eternal Now” (Chip Wickham)

Facetteräich an originell Singer-Songwriter, Pärelen aus der englescher Jazzzeen a kuerz virum Startschoss e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes
headphones

56 min

play_arrow

Trans Musicales

En Ausflug an d’Sahara, eng Etapp bei de Garifuna an e Bléck op d’Trans Musicales vu Rennes.
headphones

57 min

play_arrow

Un automne 2025

En eenzegaartege Songwriting, eng musikalesch Rees op de Spuere vum Sklavenhandel an e Bléck op d’Programmatioun vun den Transmusicales vu Rennes.
headphones

56 min

play_arrow

Hybrids and more

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, op deen a Südafrika eng Iwwerraschung gewaart huet!