arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Daniel Miltgen am Alter vun 68 Joer gestuerwen

Lëtzebuerg

|
headphones

1 min

Daniel Miltgen am Alter vun 68 Joer gestuerwen

Den Daniel Miltgen, fréiere President vum Fonds du logement, ass am Alter vun 68 Joer gestuerwen. Dat hat RTL als éischt de Moie gemellt. Den Daniel Miltgen war vun 1992 bis 2015 Chef vum Fonds du logement.

headphones

1 min

Daniel Miltgen (2018)  | © 100,7
Daniel Miltgen (2018) (Foto: 100,7 )

2015 war hie vun der Regierung vun deem Posten ofgesat ginn, wéinst Differenze mat der deemoleger DP-Logementsministerin Maggy Nagel. Den Daniel Miltgen war och an d‘Kritik gerode wéinst der Ëmklasséierung vun engem Terrain zu Leideleng. D‘Affär war awer duerno um Geriicht klasséiert ginn. 

No 2015 war hien Enseignant am Lycée Josy Barthel zu Mamer.

Hie war 2023 och Kandidat fir Fokus bei de Gemengen- an de Chamberwalen. Hien huet d'Partei awer kuerz drop verlooss, wéi d'Monica Semedo Spëtzekandidatin vu Fokus bei den Europawale ginn ass.