arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grand-Duc Guillaume zu Madrid empfaangen

Visitt a Spuenien

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Grand-Duc Guillaume zu Madrid empfaangen

Spuenien a Lëtzebuerg wieren net just an engem Europäesche Kontext vereent, ma och an hirem Engagement fir Stabilitéit an international Zesummenaarbecht. Dat sot de Spuenesche Kinnek Filipe VI. zu Madrid um Ufank vun der Lëtzebuerger Visitt a Spuenien.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Visitt vum Grand-Duc Guillaume beim Filipe VI. zu Madrid am Palais royal | © © SIP / Julien Warnand
Visitt vum Grand-Duc Guillaume beim Filipe VI. zu Madrid am Palais royal (Foto: © SIP / Julien Warnand)

Et wier dofir och net verwonnerlech, datt béid Länner am Kontext vum Irankrich fir eng diplomatesch Léisung plädéiere géifen.

Vill oppe Krisen

De Grand-Duc huet sengersäits den ekonomeschen, ewéi och de kulturellen Austausch tëschent Lëtzebuerg a Spunie gelueft. Déi aktuell weltwäit Krise géifen oppen Ekonomien, déi op de Rechtsstaat opgebaut sinn, méi vulnerabel maachen an op d’Prouf stellen, esou de Grand-Duc Guillaume.

“Global Spannungen, een Ugrëffskrich op engem Kontinent, wirtschaftlech Onsécherheet a klimabedéngt Krise stellen eis kollektiv Fäegkeet, déi Grondsätz oprechtzeerhalen, op d’Prouf. Wann d’Grondreegele vum géigesäitege Respekt a Vëlkerrecht mëssuecht ginn, da ginn oppe Gesellschaften an oppen Ekonomien, déi op fräiem Handel a Rechtsstaatlechkeet berouen, méi ufälleg.”

De Grand-Duc Guillaume an d’Grand-Duchesse Stéphanie sinn haut a muer op Visitt a Spuenien. Dat op Invitatioun vun der Spuenesch Kinnekskoppel.

Mat vun der Partie bei dëser Visitt sinn den Ausseminister Xavier Bettel, de Finanzminister Gilles Roth an de Wirtschaftsminister Lex Delles. De Xavier Bettel wäert säin Openthalt wéinst de Rapatriementsflich aus dem Noen a Mëttleren Osten awer verkierzen a kënnt den Owend dofir schonn zeréck.

play_arrow Lauschteren