arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach 130 Joer bis zur Egalitéit tëschent Fra a Mann?

Weltfraendag

|
headphones

4 min

headphones

16 min

play_arrow

Nach 130 Joer bis zur Egalitéit tëschent Fra a Mann?

E Sonndeg um Weltfraendag réckelen d'Froe ronderëm d'Gläichstellung nees an de Mëttelpunkt. Fir d'Yuriko Backes, Ministesch fir d’Gläichstellung vu Geschlechter an Diversitéit, bleift awer nach e laange Wee ze goen, bis ee vun enger Gläichstellung schwätze kann.

headphones

4 min

headphones

16 min

play_arrow
D'Yuriko Backes | © Jo Diseviscourt
D'Yuriko Backes (Foto: Jo Diseviscourt)

Et ass net just ee Chantier, op deem et ze schaffe gëllt, betount d’Yuriko Backes am Virfeld vum Weltfraendag am 100,7-Interview.

Nach 130 Joer bis zur Egalitéit?

An der Gesellschaft géing een ëmmer nach vill “hartnäckeg Stereotyppen” erëmfannen. A ville Beruffer ass ee wäit vun enger egalitärer Representatioun ewech, och an der Politik. Een Drëttel vun de Fraen hu scho Gewalt erlieft, an d’Chiffere géinge sech net verbesseren, warnt d’Ministesch.

“Mir musse weider sensibiliséieren. An de Schoulen, an de Gemengen, oder och an der Wirtschaft.”

An den Decisiounsgremien zu Lëtzebuerg sëtzen 23 Prozent Fraen. Domat läit een ënner der europäescher Moyenne vu 34 Prozent.

Den European Institute for Gender Equality (EIGE) schwätzt awer dovun, datt een an Europa nach 50 bis 60 Joer bréicht, bis een eng Egalitéit tëschent Mann a Fra erreecht hätt. De Weltwirtschaftsforum schwätzt esouguer vun 130 Joer.

Hoffen op EU-Direktiven

Et géing op ville Piste geschafft ginn, betount d’Yuriko Backes. D’lescht Joer ass den Aktiounsplang fir Egalitéit ugeholl gi mat iwwer 100 Mesuren. Ganzer 16 Ministère schaffen un deem Aktiounsplang.

Mee och um europäeschen Niveau erhofft sech d’Yuriko Backes Impulser. Ee Beispill, dat si genannt huet, ass eng nei Direktiv zur Transparence salariale. Déi gëtt aktuell ëmgesat a kéint ville beweegen, wat d’Gläichstellung an der Pai ugeet, hofft d’DP-Politikerin.

Op deem Punkt steet Lëtzebuerg zwar net esou schlecht do, dofir awer wat de Pensiouns-gap ugeet.

Frae mussen de Courage hunn

E weidere positive Punkt zu Lëtzebuerg ass, datt Fraen op der Finanzplaz besser representéiert si wéi an anere Beräicher. Mee och do wier nach e wäite Wee ze goen, seet d’Ministesch.

“Frae mussen och wëllen an de Courage hu fir Verantwortung ze iwwerhuelen. Et ass een Theema, datt Frae sech net trauen.”

Dofir misst fréi sensibiliséiert ginn a jonke Meedercher gewise ginn, datt et keng reng Männer- a Fraen-Jobs ginn.

Affer vu Gewalt: Hëllef fanne beim CNVV

E grousst Theema bleift déi haislech Gewalt. Rezent war et d’Nouvelle, datt de Centre national pour victimes de violence wéinst der grousser Demande vu Mee u méi laang wäert ophunn, an zwar 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7.

All Affer vu Gewalt kritt hei medezinesch a psychologesch Hëllef, och wat juristesch Infoen ugeet. Doriwwer eraus kann d’Police dohi kommen an zum Beispill eng Plainte ophuelen. “Et ass een Espace, wou d’Affer opgefaange ginn”, seet d’Yuriko Backes.

Bis haut hätten ëm déi 300 Affer - souwuel männlech wéi och weiblech - hei Hëllef gesicht. Zwee Drëttel vun den Affer ware Fraen.

Recht op Ofreiwung: Konsens an der Chamber schwätzt fir sech

Dës Woch gouf e grousse Meilestee gemaach andeems d’Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung soll kënnen ageschriwwe ginn. Datt nieft den ADR-Deputéierten den DP-Parteikolleeg Gérard Schockmel deen eenzege war, deen an der Chamber dogéint gestëmmt huet, schéngt d’Yuriko Backes net grouss ze stéieren. All Deputéierte misst dat selwer fir sech decidéieren, mengt si, an de grousse Konsens an der Chamber géing fir sech schwätzen.

E Sonndeg gëtt dann och d’Marche féministe vum JIF (Journée Internationale des Femmes) organiséiert. Am Zentrum steet dëst Joer d’Theema Gesondheet. Eng vun hire Revendicatiounen ass et, e spezielle Congé anzeféiere fir Fraen, déi beispillsweis ënner chronesche Péng bei der Reegel leiden, oder Problemer bei der Menopause hunn.

Dat si Saachen, déi een thematiséiere kéint, erkläert d’Yuriko Backes. Hire Ministère wier allerdéngs net fir Sujete ronderëm Congésdeeg zoustänneg. Wat d’Iddi ugeet, wier si weder dofir, nach dergéint. D’Leit sollten awer keng Angscht hunn, esou Theemen an hirem Ëmfeld unzeschwätzen.

play_arrow Lauschteren