arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Haaptangscht war: Wéi kënn s de hei eraus?"

Krich am Noen Osten

|
headphones

2 min

headphones

5 min

play_arrow

"D'Haaptangscht war: Wéi kënn s de hei eraus?"

Ënner de Passagéier vum Vol NE8871 vu Kairo op Lëtzebuerg, dee gëschter Mëtteg um Findel gelant ass, an deen déi éischt Lëtzebuerger, déi an der Kriseregioun am Noen Oste blockéiert waren heem bruecht huet, war och de Lëtzebuerger Jean-Paul Bleser. Um 100,7-Mikro huet hie seng Erfarunge gedeelt.

headphones

2 min

headphones

5 min

play_arrow
De Jean-Paul Bleser | © Maurice Molitor
De Jean-Paul Bleser (Foto: Maurice Molitor)

Ganzer 36 Stonne war de Jean-Paul Bleser vu senger Vakanzendestinatioun Dubai aus ënnerwee fir nees zeréck op Lëtzebuerg ze kommen.

Zu Dubai huet ee sech getraff fir an den Oman ze kommen. Do ukomm huet et awer nach eng ganz Zäit gedauert, bis een de Fliger op Kairo huele konnt, wéi de Jean-Paul Bleser erzielt.

"Do si mir erauskomm an eng grouss Hal, wou mir alleguerten d'Päss kontrolléiert kritt hunn, do ware mir wierklech véier Stonnen. An du wou mir erauskomm sinn, hu mir gemengt et wier eriwwer. Do hunn d'Douanieren eis alleguerte gefrot, eis Kofferen op de Buedem ze leeën an do hu mir déi nach kontrolléiert kritt. Duerno si mir op de Flughafe gefuer vu Muscat, wou mir plus ou moins zwielef Stonne gewaart hu bis mir boarde konnten."

Elo wier een einfach frou nees heiheem ze sinn, esou nach de Jean-Paul Bleser.

Eng grouss Ongewëssheet

De Jean-Paul Bleser huet och vu senger Gefillslag erzielt, déi deen Ament alles anescht wéi positiv war.

"Et ass d'Ongewëssheet, ob een nach erauskënnt. Ganz kloer, et ass een agespaart an einfach esou ugewisen ze sinn op eng Plaz, mam Numm Flughafen. Meng Angscht war déi zu Dubai, wann déi do de Radar bombardéieren, da wësse mir net wéi mir erauskommen"

Zu Maskat um Flughafe wiere vill Leit gewiescht, a bis op e puer Leit, déi an de Reie wollte virdrécken, wier dat Ganzt awer zimmlech ziviliséiert iwwer d’Bün gaangen, seet de Jean-Paul Bleser.

An enger Krisesituatioun d'Gefor vun der KI realiséiert

Zu Dubai selwer hat de Jean-Paul Bleser den Androck an enger Bulle ze sinn. Bis op SMSen, beispillsweis déi mat der Opfuerderung Schutz ze sichen, hätt ee selwer missen u valabel Informatioune kommen. An dat wier am Zäitalter vun der Kënschtlecher Intelligenz net ganz einfach gewiescht, seet de Jean-Paul Bleser.

"Mir hunn zu Dubai op Facebook, op Instagram Biller gesinn, wou Rakéiten an de Burj (Khalifa) geflu sinn, wat absolutt guer net de Fall war. Dat heescht, do ass mir wierklech och wierklech bewosst ginn, wéi geféierlech datt d'KI an deem Sënn ass, well an deem Sënn hu mir do keng Rakéit gesinn, déi am Downtown erofgaangen ass."

Trotz den Erliefnisser am Noen Oste wëllt de Jean-Paul Bleser awer nach an d’Vakanz goen, och mam Fliger. Fir de Moment wier hien awer "Méi wéi frou erëm hei ze sinn".

Lauschtert hei de ganzen Temoignage vum Jean-Paul Bleser

play_arrow Lauschteren