36 fix Radare sinn entretemps op eise Stroossen am Asaz, dorënner 27 "klassescher" fir d’Vitess, fënnef Streckeradaren a véier Stéck bei roude Luuchten.
10 Joer méi spéit: Kee Lerneffekt
Wéi et viru genee zéng Joer lassgaangen ass mam automatesche Blëtzen, war d’Opreegung grouss. Schonn an den éischten Deeg goufen trotz grousser Sensibiliséierungscampagne Dausende Chauffere geblëtzt.
Wie mengt, zéng Joer méi spéit wier Rou agekéiert, deen iert sech, wéi de Laurent Lentz, Chef vun der Lëtzebuerger Verkéierspolice, feststellt.
"Do huet tatsächlech nach kee Lerneffekt agesat. Mir haten 2024 en absolutt Rekordjoer, wat d'Constatatiounen do uginn. Dat heescht, do hate mir 383.692 Leit, déi en Avertissement taxé vun eis geschéckt kruten."
D’lescht Joer wier d’Statistik liicht zeréckgaangen, wat awer leider net dem allgemengen Trend géif entspriechen, seet hien.
Méi ee generelle Problem mam Code de la Route
Ervirzehiewen ass dobäi och, datt d’Spëtzereider ënner de Radaren - also déi, déi déi meeschte Verstéiss feststellen - nach ëmmer déi selwecht sinn: Deen zu Märel um Enn vun der Escher Autobunn an deen zu Schieren.
Dëst, obwuel si beschtens bekannt sinn, esou de Laurent Lentz. Vun engem Mentalitéitswiessel kéint deemno keng Ried sinn.
Zu Lëtzebuerg hätt een ee Problem mam Respekt vum Code de la Route, esou de Laurent Lentz.
"Mir wëssen tatsächlech och net genee firwat dat esou ass, mee et ass esou, datt zu Lëtzebuerg, wann zum Beispill 50 erlaabt ass, fueren déi meescht Lëtzebuerger respektiv och d'Leit, déi hei schaffen, also d'Frontalieren an esou weider, fueren net 50, mee 60 Tacho."
Dat géif een ëmmer nees feststellen.
"Bei Roude Luuchte fueren d'Leit duerch rout, d'Leit maache just de Winker eraus, wa si Angscht ëm hiren eegenen Auto hunn."
Streckeradare wuel zimmlech effikass
Trotz dësem frustréierende Constat hätten d’Radaren awer duerchaus eppes bewierkt.
"Mir hunn zwar wuel nach ëmmer kee Lerneffekt bei der Vitess festgestallt, mee prinzipiell ass et awer esou, datt schwéier Accidenter gréisstendeels op deene Strecke reduzéiert goufen."
Besonnesch begréisse géif een d’Radar-tronçonen, déi net just fir punktuell Sécherheet suergen, mee op engem ganze Streckenofschnëtt, esou de Laurent Lentz.
Dëst stellt och d’Vereenegung Sécurité routière fest, wéi hir Directrice Isabelle Medinger betount.
"Wann déi Strecken erausgesicht ginn, dat huet jo e gudde Grond, a besonnesch d’Streckeradaren hunn och hir Preuvë gemaach. Do gëtt einfach dann op esou vill Kilometer méi lues gefuer, besonnesch an den Tunnellen, ass dat ganz wichteg, well wann do e schwéiert Accident geschitt, ass dat ëmmer direkt dramatesch."
Wat d’Strofen ugeet, do si sech de Laurent Lentz vun der Police an d’Isabelle Medinger vun der Sécurité Routière eens, datt se net ofschreckend genuch sinn.
Geziilt sécherheetsrelevant Problemer solle méi héich bestrooft ginn
De Laurent Lentz rechent vir: Wann een zum Beispill mat 165 iwwer d’Autobunn fiert, muss ee just 49 Euro bezuelen, wat am Verglach zum Ausland zimmlech niddereg ugesat wier.
D’Sécurité routière begréisst dann och, datt d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an hirem Nationale Plang vun der Verkéierssécherheet ugekënnegt huet, d’ Strofen ze iwwerschaffen. Dëst net nëmme bei der Vitesse, mee och bei anere grousse Problemer.
Et géif net drëm goen, vill Saache méi héich ze bestrofen, esou d'Isabelle Medinger.
"Mee éischter geziilt, déi wierklech sécherheetsrelevant Problemer méi héich ze bestrofen. An do gehéiert notamment den Handy dozou a sécherlech och den Alkohol. An am Alkohol gesi mer, datt mer souwisou scho ganz vill Retraits immédiaten am Joer hunn, wou d'Leit iwwer 1,2 Promille sinn. Dat sinn der eng, also all Kéiers ëm déi 1.500. Dat ass enorm."
An deenen nächste Méint wäerten iwwerdeems nach weider Radaren op de Stroossen derbäikommen.
Op der Nationalstrooss N15 tëschent Feelen an Heischent, wou am September 2025 fënnef Mënsche bei engem Accident hiert Liewe verluer haten, leeft d’Testphas mat engem Streckeradar, op der Polvermillen soll e Luuchte-Blëtzer installéiert ginn an op der Autobunn A3 gëtt an Zukunft kontrolléiert, op d’Chaufferen d’Reegele vun der Covoiturage-Spuer respektéieren.