arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamber stëmmt neie Kader fir Liewensmëttelsécherheet

National

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Chamber stëmmt neie Kader fir Liewensmëttelsécherheet

D'Chamber huet eestëmmeg een neie juristesche Kader fir d'Liewensmëttelsécherheet hei am Land gestëmmt. Et geet ënner anerem dorëm d'Organisatioun vun den offizielle Kontrollen ze verstäerken, fir d'Vertraue vun de Konsumenten ze garantéieren.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Et wier ee "wichtege Bausteen" fir eng modern, effikass a rechtsstaatlech ofgeséchert Liewensmëttelkontroll zu Lëtzebuerg, esou d’CSV-Deputéiert a Rapportrice vum Projet Stéphanie Weydert.

Vertraue vun de Konsumente soll gestäerkt ginn

D’Kontrolle gi vun der ALVA (Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire) gemaach.

“De Grondprinzip hannendrun ass kloer, d'Kontroll ëmfaasst all Schratt vun der Liewensmëttelketten, vum Aker bis op den Teller oder vum Greef bis op d'Forschette, fir déi, déi nach wëssen, wat e Greef ass. Dat heescht, d'Liewensmëttelsécherheet gëtt iwwer déi ganz Kette garantéiert, vun der Primärproduktioun bis bei de Konsument. 

Géif een dat maachen, da géifen och d'Kontrollen näischt bréngen. 

"Well all eenzel Etapp kann en negativen Impakt op d'Sécherheet an och op d'Qualitéit vun eise Liewensmëttelen hunn. An nëmme wa mir eng lückelos Kontrollkette vun A bis Z hunn, da kann de Verbraucher och Vertrauen an eist Liewensmëttel hunn.”

Dat neit Gesetz wier deemno och am Interesse vun der Landwirtschaft, de Wënzer, Uebstbaueren a Gäertner, esou d’Stéphanie Weydert.

Nëmme wann de Konsument kéint sécher sinn, da géif hien hir Produkter kafen, huet d’Deputéiert nach ënnerstrach.

play_arrow Lauschteren