Den 12. Mäerz 1999, nächsten Dënschdeg sinn dat scho 25 Joer, krut d’Welt vun der klassescher Musek déi traureg Nouvelle, datt de Lord Yehudi Menuhin am Alter vun 82 Joer zu Berlin gestuerwen ass. Mam Yehudi Menuhin goung der Konscht deemools net nëmmen ee vun de bedeitendste Violoniste vum 20. Joerhonnert an en aussergewéinlechen Dirigent verluer, mee der Welt och e groussen Humanist a Philantrop. An datt de Yehudi Menuhin als Kënschtler an als Mënsch d’Welt markéiert huet, mierkt een och, well säin Numm bis haut e Begrëff ass a bleift.
arrow_back_ios
Retromania
Yehudi Menuhin: E grousse Museker, Humanist a Philantrop
Lauschteren
play_arrow
(Foto: picture alliance / Heritage Art/Heritage Images | Mark S. Joffe)
headphones
9 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus