Den Auteur, Radiosmënsch, Theater- a Kabarettist Pir Kréimer ass de 28 Mäerz 2000 am Alter vun 80 Joer gestuerwen, dat sinn elo scho 25 Joer hir. Eng 35 Joer war hien all Sonndes op Radio-Lëtzebuerg um Staminee mam klenge Lëtzebuerger Beschass ze héieren. Vun den 1960ger Joren un, huet hie reegelméisseg als Pik fir d’Lëtzebuerger Revue geschriwwen. Ganz vill vu senge Lidder a Songe goufen op Plack opgeholl, a seng Gedichter koumen als Buch eraus. Engem Lëtzebuerger de Pir Kréimer virstellen, ass wuel net néideg, an awer wëll de Jean Claude Majerus haut a sengem Retromania un de Kréimesch Pir erënneren, deen zu dee ganz grousse vun der Lëtzebuerger Kabarettsliteratur gehéiert huet.
Mam Pir Kremer sengem Doud huet Lëtzebuerg deemools e Stéck Kultur verluer. De Pir Kremer ass a bleift awer e Stéck Lëtzebuerger Geschicht, an hien huet et wéi kaum en anere fäerdeg bruecht mat enger satirescher Konotatioun an engem ganz fäinen an ni blessante Witz d’Akutatlitéit ënner d’Lupp ze huelen.