Retromania
Eugène Ionesco: E Pilier vum absurden Theater
8 min
De 26. November 1909, virun 105 Joer, koum zu Slatina a Rumänien den Eugène Ionesco als Bouf vun enger franséischer Mamm an engem rumänesche Papp op d’Welt. D’Gebuertsstonn vun engem aussergewéinlech kreative Mënsch, dee spéider als Dramatiker de Papp vum absurden Theater gouf.
De Ionesco huet mat sengem Stil den Theater revolutionéiert an ass nach ëmmer am modernen Theater omnipresent: e Klassiker.
Och 30 Joer no sengem Doud, den 28. Mäerz 1994 zu Paräis, gehéiert hien zu deene franséischsproochegen Auteuren, déi nach am meeschte gespillt ginn.
Zum Ionesco senge bekanntste Wierker gehéiere “Rhinocéros”, “La cantatrice chauve”, “Les chaises” oder “La leçon”.
Am Théatre de la Huchette gëtt haut nach ëmmer, nieft anere Produktiounen, all Woch vu mëttwochs bis samschdes um 7 Auer owes dem Ionesco seng “Cantatrice chauve”, an dann um 8 Auer “La Léçon” gewisen. Eng gutt Iddi, bei engem Besuch zu Paräis, déi 67 Joer al Inzenéierunge vu Ionesco-Stécker ze gesinn.
De Jean Claude Majerus kuckt op dëse Pilier vum absurden Theater zeréck.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus