arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Boom, boom click!

Boom, boom click!

Lauschteren play_arrow
headphones

57 min

“Saint Privat” alias Klaus Waldeck an d’Valerie Sajdik erënnere mam Titel Boom, boom click! un d’Chansonnière Claudine Longet di an de 70er Joren hiren Amant erschoss hat….


Mir entdecken di psychedelesch Pop vum Australier Tim Ayre. Seng Influenze sinn d’ Beach Boys, d’Beatles -dat héiert een- oder nach d’ Flaming Lips an Daft Punk.


Eng vun den Decouverten dëst Joer op den Transmusicales vu Rennes ass La Niña, de Solo-Projet vun der napolitanescher Singer-Songwriterin Carola Moccia. Si léist d’Traditioune vun hirer Staat an den Dialog triede mat der zäitgenëssescher Museksproduktioun vun haut.


En anere Grupp nieft La Niña deen dëst Joer op den Trans ze gesinn ass an dat an enger franséischer Première ass den däitsche Punk-Grupp GRENZKONTROLLE. Tëscht dem Klang vun der Neue Deutsche Welle (aus den 80er) iwwert d’Roserei vu Public Enemy hirem Rap, GRENZKONTROLLE inkarnéieren d’Ursaachen sech ze revoltéiere vun enger ganzer Generatioun… sou de Communiqué vun den Trans.


Playlist:


01. Saint Privat - Boom, boom click! - 20 Years Dope Noir (Blue Album)

02. Claude Fontaine - Relíquia - La Mer

03. Julien Daïan - Trop c'est trop - CUT-UP

04. Curtis Harding - I Won't Let You Down - If Words Were Flowers

05. Tim Ayre - Miami Drive - Modern Life - EP

06. Hey Djan - Djeyrani Bes - Hey Djan - Single

07. Emel - Sallem - The Tunis Diaries

08. LA NIÑA & Abdullah Miniawy - SANGHE - FURÈSTA

09. LA NIÑA - GUAPPARÌA - FURÈSTA

10. Σtella - Ta Vimata - Adagio

11. Piers Faccini & Ballaké Sissoko - One Half of a Dream - Our Calling

12. GRENZKONTROLLE - SCHWARZES SCHAF - EDELWEIß - Single

13. A-f-a-r - Plastic Riot - The Refuge

Episoden

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow