Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Aperol Spritz

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Impressions

Impressions

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

“Los Angeles Rising”, de Benefice vun der Vente vun dëser Anthologie geet un d’Affer aus der Museksbranche, déi betraff si vun de Bëschbränn zu LA leschte Januar. 18 Artisten an Artistinnen hunn hei Lidder bäigesteiert, de Songwriter David J mat “No New Tale To Tell”, e Lidd, dat Love and Rockets fir d’éischt 1987 verëffentlech haten. Demo- an Alt-Versioune sinn hei ze fannen, déi bis elo nach net verëffentlecht goufen.


Surf-Musek ass e Genre Rock, dee mat der Surf-Kultur associéiert gëtt, virun allem a Süd-Kalifornie ganz populär tëschent 1958 an 1964. Mir héieren eng Raritéit vum japanesche Rockgittarist Takeshi Terauchi.


Gläich e puer Decouverten dës Kéier bei One World: z. B. déi belsch-brasilianesch Vokalistin Helena Casella, déi hir Gedanken op hir ganz eege passionéiert, soulräich Aart a Weis ausdréckt um neien Album “Pit of Impressions”.


En aneren interessanten neien Disk ass “Room To Dream” vum franséischen Jazz- a Bossa-Nova-Gittarist Hugo Corbin.


Grenzgeschichten a Patrullen, déi sech ofléisen, de Farees lauschtere mir vu sengem exzellenten duebele Konzeptalbum “Border Patrol”: engagéiert a musikalesch innovativ, eng Zort nei Generatioun vun afrikaneschem spoken-elektresche Blues-Rock.


Eng weider Decouverte ass deen neien Album “Sierra Tracks” vu Vega Trails, dem Projet vum englesche Bassist Milo Fitzpatrick.


Playlist:

1. David J - No New Tale To Tell - Los Angeles Rising

2. Jarvis Cocker (feat.Kim Sion) - California Dreamin' - Los Angeles Rising

3. Giant Sand - Pitch & Sway - Provisions

4. Takeshi Terauchi - Hoshi Eno Tabiji (Journey To The Stars) [feat. Blue Jeans] - Nippon Guitars

5. Isobel Campbell & Mark Lanegan - Sunrise - Hawk

6. Hugo Corbin - Bright Will Be The Day (feat. Monika Kabasele, Srdjan Ivanovic, Marc Buronfosse & Sandrine Marchetti) - Room To Dream

7. Helena Casella - First Flight - Pit of Impressions

8. Helena Casella - We Are Everything, Always (feat. Michiel Dendooven) - Pit of Impressions

9. Vega Trails - Dream House - Sierra Tracks

10. Farees - The Changing of the Guard - Border Patrol

11. Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Sa en ye - Nocturne

12. Hailu Mergia - Bayne Lay Yihedal - Yene Mircha

13. Groundation - Groundation Chant - Young Tree

14. Art Longo - Quantum Ceviche - Quantum Ceviche

15. Mo’kalamity - Under the Rain (feat. The Wizards) - Freedom of the Soul (feat. The Wizards)

Episoden

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etapp a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.
headphones

56 min

play_arrow

Tour du Monde

Vu Brasilien op d’Capverdianesch Inselen a vun do aus weider an Australie mat villen neien Disken an Decouverten.
headphones

57 min

play_arrow