Dës Kéier geet et ëm d’Bestueden a wat dat Ganzt mam däitsche "bestatten" ze dinn huet. Donieft schwätze mir och vum Pacsen.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Haut geet et ëm Hochzäiten?
C: Haut hunn ech eppes, wat gutt ass fir déi nächst Hochzäitsried, déi Der musst halen, an zwar wëll ech haut erklären, wéi d'Wuert "bestueden" an dat Däitscht "bestatten" zesummenhänken. Fänke mer emol eng Kéier un. Déi Analysen, déi ech haut virstellen, berouen op Analyse vum Cristian Kollmann, deen déi schonn eng Kéier gemaach huet um Institut fir Luxemburgistik, an hien huet erausfonnt, dass eeben dat Lëtzebuergescht "bestueden", wann een dat historesch kuckt, op dat selwecht Wuert zréckgeet wéi "bestatten".
S: Wat bedeit dat genee?
C: Ma am Westmëtteldäitschen, also wa mer elo zréckginn, och am Mëttelhéichdäitschen, do hu mer "bestaten" an dat bedeit esou vill wéi “verheiraten, versorgen, ausstatten”. D’Wuert "bestaten" ass eng Verstäerkung vum einfache Verb "staten" an dat heescht “op eng Plaz bréngen”. Dat fanne mer och am modernen Däitsche "Stadt" oder “Stätte” “Werkstatt” oder am Lëtzebuergesche "Stad", einfach fir ze soen: eng Plaz, déi ee kennt, eng bestëmmte Plaz.
S: Ok.
C: An "bestaten" hu mer elo am modernen Däitschen net fir “op eng bestëmmt Plaz bréngen”, mee "bestatten" heescht “een an e Graf leeën”. An dat ass eng speziell Bedeitung, déi sech häerno eréischt erauskristalliséiert huet a wat am Fong euphemistesch gemengt war. Dat heescht, et huet een net gesot, hie muss elo an d'Lued, hie kënnt ënner de Buedem, mee “mir mussen hien op eng bestëmmt Plaz bréngen” (fir net missen däitlech ze soen, dass een e vergrueft): jemanden bestatten, eine Bestattung. Den Deel "statten" fanne mer awer och bei aneren däitsche Verben wéi "erstatten", "gestatten" an "ausstatten". An dat hänkt alles iergendwéi mat “bestueden” zesummen.
S: Huet “bestueden” eigentlech eppes mat dem “Stot” ze dinn, well et kreéiert ee jo e gemeinsame Stot?
C: Et kéint ee mengen, dass dat zesummegehéiert, mee laut dem Cristian Kollmann passt dat lautlech net mam Stot. Bestueden ass, dass de eng Persou gutt ënnerkriss, op eng bestëmmt Plaz bréngs. Schonn am Mëttelhéichdäitsche war et gebraucht gi fir ‘verheiraten, versorgen, ausstatten’.
S: Mee et muss ee jo och net ëmmer bestuet sinn!
C: Nee, effektiv, et muss een natierlech guer net bestuet sinn, an vill Leit zu Lëtzebuerg sinn och gepacst. Weess de, wou Pacsen hierkënnt?
S: Ech mengen dat ass iergendeneng Ofkierzung.
C: Mee weess de och firwat dat eng Ofkierzung ass?
S: Nee, mee du sees eis dat bestëmmt.
C: Ma Pacsen ass natierlech Beamtesprooch an déi Zesummesetzung ass “Pacte civil de solidarité”. Dat heescht, et ass eng agedroe Partnerschaft, wéi een dat aus dem Däitsche géif réckiwwersetzen. An dat ass eng Méiglechkeet fir zum Beispill gläichgeschlechtlech Koppelen oder Koppelen, déi sech net wëlle bestueden a vläicht Kanner hunn, fir kënnen sozial als eng Eenheet ugesinn ze ginn, sozial a steierlech. An do ass erëm e flott Beispill aus der Sprooch: Pacs, also P-A-C-S, ass aus der Beamtesprooch iwwerholl aus dem Franséischen. An am Lëtzebuergeschen hu mer einfach e Verb draus gemaach, andeems mer einfach en “-en” drun hänken.
Pacsen, si pacse sech, du pacs dech, (also net mat CK, mee mat C), oder och si si gepacst, an do hu mer einfach e Stamm, deen eng Ofkierzung ass, an deen hat schonn esou eng gutt Form, dass et e Verb kéint sinn, an dann ass einfach do e Verb draus gemaach ginn: pacsen.
S: A “bestueden” ass “bestatten”?
C: Naja, bal.
S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!